1940
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
19. Joerhonnert | 20. Joerhonnert | 21. Joerhonnert
1935 | 1936 | 1937 | 1938 | 1939 | 1940 | 1941 | 1942 | 1943 | 1944 | 1945
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1940.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- 12. Mäerz: De Finnesch-Sowjetesche Wanterkrich ass fäerdeg. Dat klengt Finnland muss zwar verschidde Géigenden un d'Russen oftrieden, mä bleift ee souveräne Staat. Vum 22. Juni 1941 un zéien d'Finne mat den däitschen Zaldoten géint d'Sowjetunioun an de Krich.
- 9. Abrëll: Däitschland iwwerfällt déi neutral Länner Dänemark an Norwegen.
- 10. Abrëll: Dänemark kapituléiert.
- 10. Mee: Däitsch Truppe marschéieren an Holland, der Belsch an a Lëtzebuerg an. De Westfeldzuch huet ugefaang.
- 10. Juni: Nodeems déi franséisch an englesch Truppen Norwegen verlooss hunn, kapituléiert Norwegen virun der däitscher Arméi.
- 10. Juni: Italien trëtt un der Säit vun Nazi-Däitschland an de Krich an, a gräift Süd-Frankräich un.
- 14. Juni: Däitsch Truppe besetze Paräis.
- 15. Juni: Sowjetesch Truppe besetze Litauen, Lettland an Estland.
- 22. Juni: De Krich a Frankräich ass eriwwer. D'Fransousen ënnerschreiwen e Waffestëllstand mat dem Däitsche Räich.
- 13. August: D'Loftschluecht ëm England fänkt un.
- 27. September: Den Dräierpakt tëschent Däitschland, Italien a Japan ass offiziell ënnerschriwwe ginn.
- 28. Oktober : Italien erkläert Griicheland de Krich. Italienesch Truppe gräife vun Albanien aus Griicheland un.
- November : Ungarn, Rumänien an d'Slowakei trieden dem Dräierpakt bäi.
[änneren] Afrika
[änneren] Amerika
- 13. November: Zu Montreal a Kanada forméiert d'Groussherzogin Charlotte vu Lëtzebuerg eng Exilregierung.
[änneren] USA
- 15. Mee: Déi éischt Nylons-Strëmp kommen an Amerika op de Maart.
- 5. November: De Roosevelt gëtt fir déi drëtte Kéier amerikanesche President.
[änneren] Südamerika
[änneren] Asien
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Arabesch Welt
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Kino
- 28. Mäerz : Dem Alfred Hitchcock säi Film Rebecca feiert zu New York Première.
- 15. Oktober: Dem Charly Chaplin säi Film The Great Dictator leeft un.
- 13. November : De Film Fantasia vum Walt Disney kennt eraus.
[änneren] Sport
- 21. Abrëll : Den Tour de France gëtt ofgesot.
- 3. Mee : Den IOC annuléiert d'Olympesch Spiller.
[änneren] Wëssenschaft & Technik
- De russesche Pilot Igor Sikorsky erfënnt den Helikopter.
- 7. Mäerz : D'Luxuspassagéierschëff Queen Elizabeth leeft um Enn vu senger Jungfernfahrt zu New York an den Hafen eran.
- 31. Mäerz : Zu New York gëtt dee modernste Fluchhafe vun der Welt, de La Guardia Airport opgemeet.
[änneren] Gebuer
- 27. Januar: Harry Kümel, belschen Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.
- 28. Januar: Guido Bachmann, schwäizeresche Schrëftsteller.
- 19. Februar: Saparmyrat Nyyazow, turkmeneschen Diktator.
- 24. Februar: Blanche Weicherding-Goergen, lëtzebuergesch Konschthistorikerin, Restauratorin.
- : 5. MäerzFrançois Colling, lëtzebuergeschen Ingenieur a Politiker.
- 12. Mäerz: Claude Fontaine, lëtzebuergesche Graphiker a Moler.
- 11. Mäerz: Aly Knepper, lëtzebuergesche Schéisser.
- 15. Mäerz: Hans Hirschmüller, Regisseur, Auteur a Schauspiller.
- 21. Mäerz: Solomon Burke, US-amerikanesche Museker.
- : 1. AbrëllWangari Maathai, kenyanesch Wëssenschaftklerin, Aktivistin a Firddensnobelpräisdréierin.
- : 2. AbrëllNorbert Haupert, lëtzebuergesche Politiker, Sportler a Sportsfonktionnär.
- : 7. AbrëllRené Pütz, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 13. Abrëll: Jean-Marie Gustave Le Clézio, franséische Schrëftsteller.
- 15. Abrëll: Sabine Sun, franséisch Schauspillerin.
- : 6. MeeEmil Angel, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 25. Mee: Roger Kieffer, lëtzebuergesche Moler.
- 29. Mee: Faruk Ahmad Khan Leghari, pakistanesche Staatspresident.
- 11. Juni: Georges Welbes, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 28. Juni: Muhammad Yunus, bangladescheschen Economist.
- : 3. JuliPeer Raben, däitsche Filmregisseur, Produzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Komponist.
- : 7. JuliRingo Starr, britesche Museker.
- 24. Juli: Faustino Cima (Fausti), lëtzebuergeschen Entertainer.
- 27. Juli: Pina Bausch, däitsch Dänzerin a Choreographin.
- : 2. AugustDon LaFontaine, US-amerikanesche Stëmm-Schauspiller.
- 17. August: Ady Schmit, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 23. August: Émile Braas, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 25. August: José van Dam, belsche Bass-Baritonsänger.
- : 7. SeptemberSimone Theis, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 15. September: Roby Hentges, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 5. OktoberJoseph Kohnen, lëtzebuergesche Literaturfuerscher a -kritiker.
- : 7. OktoberFernand Rau, lëtzebuergeschen Economist a Politiker.
- : 9. OktoberJohn Lennon, britesche Museker, Komponist an Auteur.
- 28. Oktober: Paul Helminger, lëtzebuergesche Politiker.
- : 8. NovemberCharles Thomas Kowal, US-amerikaneschen Astronom.
- 11. November: Louis Pilot, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. November: Qabus ibn Said, Sultan vun Oman.
- 27. November: Charles Reiff, lëtzebuergesche Boxer.
- : 6. DezemberRay Hack, lëtzebuergesche Landesmeeschter am Boxen.
- 14. Dezember: Paul Reiles, lëtzebuergesche Jurist.
- 15. Dezember: Barbara Valentin, éisträichesch Schauspillerin.
- 21. Dezember: Frank Zappa, US-amerikanesche Museker a Komponist.
[änneren] Gestuerwen
- Johny Grün, lëtzebuergesche Gewiichthiewer.
- 20. Januar: Joseph Gredt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Philosoph.
- 25. Januar: Nicolas Klees, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 29. Februar: Aage, Prënz vun Dänemark.
- 26. Abrëll: Auguste Wirion, lëtzebuergesche Moler.
- 14. Mee: Emma Goldman, litauesch-US-amerikanesch Anarchistin, Feministin an Auteur.
- 16. Mee: Numa Charlier, belschen Offizéier a leschte Kommandant vum Fort de Boncelles.
- 24. Juni: Alfred Fowler, engleschen Astronom.
- 29. Juni: Paul Klee, däitsche Moler.
- : 4. JuliMathias Schaffner, lëtzebuergesche Politiker.
- 21. August: Leo Trotzki, russesche Revolutionär.
- 17. Oktober: Lucien Linden, belsche Botaniker.
- : 8. NovemberArthur Vierendeel, belsche Bauingenieur.
- : 9. NovemberNeville Chamberlain, britesche Politiker.
- : 2. DezemberNikolaus Warker, lëtzebuergeschen Erzéier, Seeërchessammler a Schrëftsteller.
- 15. Dezember: Batty Weber, lëtzebuergesche Journalist, Feuilletonist a Schrëftsteller.
Commons: 1940 – Biller, Videoen oder Audiodateien |