Alternativ Demokratesch Reformpartei

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) ADR)
Wiesselen op: Navigatioun, Sich
Logo Parteizentral
ADR.png 4, rue de l'eau

L-1449 Lëtzebuerg-Stad

Basisdonnéeën
Grënnungsdatum: 12. Mee 1987
Nationalpresident: Robert Mehlen
Generalsekretär: Roy Reding
Vizepresident: vakant[1]
Generalkeessier: Jean-Claude Strottner
Websäit: www.adr.lu

Alternativ Demokratesch Reformpartei (ADR) ass den Numm vun enger Lëtzebuerger politescher Partei, déi den 12. Mee 1987 als Aktiounskomitee 5/6 Pensioun fir jiddwereen gegrënnt gouf. 1989 gouf den Numm an Aktiounskomitee 5/6 ëmbenannt, dee sengersäits 1993 an Aktiounskomitee fir Demokratie a Rentegerechtegkeet ëmgedeeft gouf. Am Mäerz 2006 koum eng weider Ëmbenennung zum Numm, wéi en elo ass. An der EU-Politik as d'ADR Member vun der Allianz vun europäesche Konservativen a Reformisten (AECR).

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Geschicht

D'ADR ass aus enger "Single-issue"-Partei ervirgaang, déi mat enger eenzeger Fuerderung – gläichhéich Pensiounen an alle Secteuren – bei de Chamberwale vum 18. Juni 1989 ugetrueden ass a mat 4 Deputéiert an d'Parlament gewielt gouf.

Den 10. Oktober 1993 ass d'ADR a 7 Gemengeréit gewielt ginn. Den 12. Juni 1994, bei de Chamberwalen, gewënnt d' ADR 1 Sëtz derbäi, a bei deene vum 13. Juni 1999 nach eng Kéier 2. Et sinn der ewell 7. Bei de Gemengewale vum selwechte Joer kënnt d'ADR op 10 Gemengerots-Sëtzer.

Bei de Chamberwale vum 13. Juni 2004 huet d'ADR 2 Sëtzer par rapport zu virdru verluer. Och bei de Gemengerotswale vum 9. Oktober 2005 huet se manner Sëtzer kritt wéi virdrun.

Bei de Chamberwale vum 7. Juni 2009 huet d'ADR 1 weidere Sëtz verluer an huet elo nëmme méi 4 Sëtzer.

D'ADR huet och eng Jugendsektioun, déi sech adrenalin, déi jonk adr nennt.

[änneren] Deputéiert am Laf vun der Zäit

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim
Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
Aner Sproochen