Februar

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
JanFebruarMäe
1 2 3 4 5 6 7
8 9 10 11 12 13 14
15 16 17 18 19 20 21
22 23 24 25 26 27 28
29 (30)
Duerstellung vum Februar an Les Très Riches Heures du duc de Berry

De Februar (Spierkel) ass den zweete Mount am Gregorianesche Kalenner. Normalerweis huet hien 28 Deeg, an engem Schaltjoer sinn et der 29. Et ass awer och dräimol an der Geschicht virkomm, datt et en 30. Februar gouf.

Den Numm kënnt vum Laténgesche (mensis) februarius "Rengegungsmount" a bezeechent de leschte Mount am alréimesche Joer an deem senger zweeter Halschent Rengegungs- a Sühneaffer fir déi Lieweg an déi Doudeg gemaach gi sinn (vgl. och: lat. februare = rengegen, februum = Rengegungsmëttel).

D'Bezeechnung Spierkel am ale lëtzebuergesche Kalenner kënnt vu Spierk, der Méizuel vu Spuerk, wat näicht anescht wéi e Bam- oder Zantstomp ass - eng Form wéi se och d'Äiszapfen hunn, déi een an deem Mount dacks un den Diech oder u Fielse fënnt.

Den alen däitschen Numm ass Hornung, Sporkel oder Schmelzmond. De Begrëff Hornung huet laut Duden "Baaschtert" bedeit an sech dorop bezunn dat de Februar de kierzte Mount am Joer war, also gewëssermoossen de Stoussnéckel.

Well de Februar de leschte Mount am Réimesche Kalenner war, war et üblech, een oder zwee Schaltdeeg bäizehänken. Dëse Brauch gouf vum julianeschen a Gregorianesche Kalenner iwwerholl.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Februar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Méint
Januar | Februar | Mäerz | Abrëll | Mee | Juni | Juli | August | September | Oktober | November | Dezember
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen