Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den 1. Mee ass den 121. Dag vum Joer (122. am Schaltjoer) am Gregorianesche Kalenner.
- 0305: De réimesche Keeser Diokletian trëtt zeréck an zwéngt de Maximian dat selwecht ze maachen.
- 1707: England, Schottland a Wales ginn zu Groussbritannien vereenegt.
- 1958: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint d'Bundesrepublik Däitschland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Nicolas Kettel, Ernest Jann a Camille Dimmer (2) geschoss.[1]
- 1961: lescht Fahrt vum Märeler Tram.
- 1963: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Mulhouse 0:4 géint Frankräich.[2]
- 1968: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Belsch.[3]
- 1975: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1976 1:3 géint Wales. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss.[4]
- 1979: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1980, 0:3 géint Tschechoslowakei.[5]
- 1980: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.[6]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 1:2 géint Dänemark. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Alain Nurenberg geschoss.[7]
- 1984: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Ettelbréck 0:2 géint Norwegen.[8]
- 1985: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qulaifikatiun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1986, 0:1 géint Jugoslawien.[9]
- 1991: Flutkatastroph a Bangladesch; et gëtt geschat, datt 500.000 Leit ëm d'Liewe komm sinn.
- 2000: An Island gëtt de Staatspresident Ólafur Ragnar Grímsson erëmgewielt.
- 2004: 10 Länner (Estland, Lettland, Litauen, Malta, Polen, d'Slowakei, Slowenien, d'Tschechesch Republik, Ungarn an Zypern) trieden der Europäescher Unioun bäi.
- 1218: Rudolf I. vun Habsburg, réimesch-däitsche Kinnek.
- 1798: Edward Joshua Cooper, ireschen Astronom.
- 1830: Guido Gezelle, flämeschen Dichter.
- 1902: Mathias Erang, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 1908: Giovannino Guareschi, italienesche Journalist, Karikaturist a Schrëftsteller.
- 1933: Mathias Schiltz, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Generolvikar an Auteur.
- 1944: André Braun, lëtzebuergesche Bouschéisser an Olympionik.
- 1963: Vera Spautz, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1965: Blanche Weber, lëtzebuergesch Soziologin an Ëmweltaktivistin.
- 1975: Yves Cruchten, lëtzebuergesche Politiker.
- 1989: Charlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.
- 1308: Albrecht I. (HRR), réimesch-däitsche Kinnek an Herzog vun Éisträich.
- 1872: Amalia vu Sachsen-Weimar-Eisenach, Fra vum Prënz Henri, dem Leitnant-Gouverneur vu Lëtzebuerg.
- 1872: Alphonse Claude du Pasquier, lëtzebuergeschen Industriellen a Schmelzhär.
- 1891: Eduard Schönfeld, däitschen Astronom.
- 1900: Mihály Munkácsy, ungaresche Moler.
- 1904: Antonín Dvořák, tschechesche Komponist.
- 1918: Jean Schortgen, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1934: Pierre Olinger, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 1935: Henri Pélissier, franséische Vëlossportler an Tour de France-Gewënner.
- 1944: Jizchak Katzenelson, jiddeschen Auteur.
- 1971: Jängi Hopp, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 1973: Jules Mersch, lëtzebuergesche Publizist.
- 1978: Aram Chatschaturian, sowjetesche Komponist.
- 1945: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 1993: Pierre Bérégovoy, franséische Politiker a Premierminister.
- 2011: Osama Bin Laden, Grënner vum Al-Qaida-Terrornetzwierk.
- Den 1. Mee gëtt a ville Länner als Dag vun der Aarbecht gefeiert.