1969
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1964 | 1965 | 1966 | 1967 | 1968 | 1969 | 1970 | 1971 | 1972 | 1972 | 1973
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1969.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- 17. Abrëll: Den Alexander Dubček gëtt duerch de Gustáv Husák un der Spëtzt vun der KP an der Tschechoslowakei ersat; Ufank vun der sougenannter "Normalisatioun".
- 28. Abrëll: De Charles de Gaulle trëtt vu sengem Amt als Staatspresident vu Frankräich zeréck.
- : Den 1. MeeEurochèque-System trëtt a Kraaft.
- 15. Juni: De Georges Pompidou gëtt neie franséische Staatspresident.
- 21. Juni: De Jacques Chaban-Delmas gëtt neie Premierminister a Frankräich.
- 14. August: an Nordirland komme britesch Truppen zum Asaz.
- 21. Oktober: De Willy Brandt gëtt, nodeems d'SPD den 28. September d'Bundestagswalen an Däitschland gewonnen hat, zum Bundeskanzler gewielt.
- 14. Oktober: Den Olof Palme gëtt Premierminister a Schweden.
[änneren] Lëtzebuerg
- : D' 6. FebruarRegierung Werner-Schaus II, eng Koalitioun aus CSV an DP, hëlt hir Aarbecht op.
- 15. Mee: Leschte Film am Kino Capitole an der Stad Lëtzebuerg.
- 21. August: De Square Jan Palach gëtt bei der Place d'Armes an der Stad ageweit.
- 21. September: Éischt Sendung vum Hei elei, kuck elei gëtt vun RTL iwwerdroen.
[änneren] Afrika
- : Putsch a 1. SeptemberLibyen géint de Kinnek Idris, de Colonel Muammar Kadhafi kënnt un d'Muecht.
- 21. Oktober: Militärputsch a Somalia duerch de Generol Siad Barre.
- 10. Dezember: Militärputsch an Dahomey.
[änneren] Amerika
[änneren] USA
- 20. Januar: De Republikaner Richard Nixon gëtt als 37. President vun den USA vereedegt.
- 15. Oktober: An den USA protestéieren 2 Milliounen Mënschen, dovunner 250.000 zu Washington (D.C.), géint de Vietnamkrich.
- : D'US-Magazin 5. DezemberLife publizéiert e Reportage iwwer d'Massaker vu My Lai a schockéiert domat d'Weltëffentlechkeet.
[änneren] Mëttel- a Südamerika
- 11. Mäerz: De Rafael Caldera kënnt am Venezuela un d'Muecht.
- 26. Mee: Chile, Bolivien, Kolumbien, Equador a Peru grënnen zu Cartagenea d'Anden-Communautéit (CAN).
- 14. Juli: Ausbroch vum Fussballkrich tëscht Honduras an El Salvador.
- 31. August: Militärputsch a Brasilien.
- 26. September: De Generol Alfredo Ovando Candia verdreift de Luis Adolfo Siles Salinas a gëtt President a Bolivien.
[änneren] Asien
- : Grenzkonflikt um Floss 2. MäerzUssuri tëscht China an der Sowjetunioun
- 25. Mäerz: De Generol Muhammad Yahya Khan gëtt President vu Pakistan.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- : De 1. FebruarJassir Arafat gëtt zum President vun der OLP ernannt.
- 17. Mäerz: Nom Doud vum Levi Eshkol gëtt d'Golda Meir Première-Ministesch an Israel.
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
- Edmond Dune, Almanach.
[änneren] Musek
- 30. Januar: D'Beatles spillen hire leschten ëffentleche Concert um Daach vun den Apple-Studioen an der Londoner Savile Row.
- 15. August–18. August: Woodstock Music and Art Festival
[änneren] Wëssenschaft & Technik
- 20. Juli: Éischt bemannte Moundlandung vun der Apollo 11
- 21. Juli: Den Neil Armstrong betrëtt um 2h56 GMT als éischte Mënsch de Mound.
[änneren] Sport
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 0:4 géint Holland.[1]
- 10. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Mexiko. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard a Paul Philipp geschoss.[2]
- 20. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Krakau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:8 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[3]
- 23. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Sofia, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:2 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Léonard geschoss.[4]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:5 géint Polen. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Josy Kirchens geschoss.[5]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu 5. NovemberCharleroi 2:3 géint Belsch. Déi zwee Goler fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Jacques Schartz geschoss.[6]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1970, 1:3 géint Bulgarien. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paul Philipp geschoss. 7. Dezember[7]
[änneren] Gebuer
- Leo Obstbaum, Designer.
- Dorothee Oberlinger, däitsch Flüttistin
- Gerlinde Sämann, däitsch Sopranistin.
- : 3. JanuarMichael Schumacher, däitsche Rennfuerer.
- : 5. JanuarClaude Christ, lëtzebuergesche Comiczeechner.
- 19. Januar: Jean Vanek, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. Januar: Serge Thill, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 30. Januar: Dominique Pire, belsche Geeschtlechen.
- : 9. FebruarYves Clausse, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 12. Februar: Petra Kronberger, éisträichesch Alpinschileeferin.
- 18. Mäerz: Wassyl Iwantschuk, ukrainesche Schachgroussmeeschter.
- 19. Mäerz: Claude Celli, lëtzebuergesche Moler a Grafiker.
- 27. Mäerz: Mickey Hardt, lëtzebuergesche Schauspiller, Modell a Kampfsportler.
- 25. Abrëll: Renée Zellweger, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. Mee: Thomas Vinterberg, dänesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 22. Mee: Nancy Kemp-Arendt, lëtzebuergesch Sportlerin a Politikerin.
- 23. Mee: Laurent Aiello, franséische Rennfuerer.
- 25. Mee: Anne Heche, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 5. JuniAndrea Neumann, däitsch Molerin.
- 14. Juni: Luc Holtz, lëtzebuergesche Foussballspiller a Foussballtrainer.
- 14. Juni: Steffi Graf, däitsch Tennisspillerin.
- 24. Juli: Jennifer Lopez, US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- 25. Juli: Barbara Wagner, lëtzebuergesch Molerin.
- 30. Juli: Simon Baker, australesche Schauspiller.
- : 1. AugustPaul Feltes, lëtzebuergeschen Historiker.
- : 6. AugustMiikka Heinonen, finnesche Fotograf.
- : 8. AugustLaurent Daubach, lëtzebuergesche Grafiker.
- 12. August: Tanita Tikaram, britesch Sängerin.
- 18. August: Christian Slater, US-amerikanesche Schauspiller.
- 19. August: Matthew Perry, US-amerikanesche Schauspiller.
- : 6. SeptemberTony DiTerlizzi, US-amerikaneschen Auteur a Buch-Illustrateur.
- 13. September: Daniel Wiroth, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 25. September: Catherine Zeta-Jones, britesch Schauspillerin.
- : 3. OktoberGwen Stefani, US-amerikanesch Sängerin.
- 20. Oktober: Stefano Fanelli, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 7. NovemberHélène Grimaud, franséisch Pianistin.
- : 3. DezemberJean Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 11. Dezember: Viswanathan Anand, indesche Schachgroussmeeschter.
- 25. Dezember: Fred Børre Lundberg, norwegesche Schileefer.
- 28. Dezember: Linus Torvalds, finneschen Informatiker.
[änneren] Gestuerwen
- 12. Januar: Betty Fischer, éisträichesch Operettesängerin.
- 19. Januar: Jan Palach, Philosophie-Student an der deemoleger Tschechoslowakei.
- 28. Mäerz: Dwight D. Eisenhower, 34. President vun den USA (* 14. Oktober 1890)
- : 8. MeeÉmile Hulten, lëtzebuergesche Sculpteur a Konschtschräiner.
- 15. Mee: Joseph Sünnen, lëtzebuergesche Moler.
- 22. Juni: Judy Garland, US-amerikanesch Filmschauspillerin (* 10. Juni 1922)
- : 5. JuliWalter Gropius, däitsch-amerikanesche Architekt an Designer.
- 15. Juli: Peter van Eyck, hollänesch-amerikanesch-däitsche Museker a Schauspiller.
- : 7. AugustJoseph Kosma, éisträichesch-ungaresch-franséische Komponist.
- : 9. AugustSharon Tate, US-amerikanesch Filmschauspillerin (* 24. Januar 1943)
- 17. August: Otto Stern, däitsche Physiker a Nobelpräisdréier (* 17. Februar 1888)
- 28. August: José Samyn, franséische Vëlossportler.
- : 3. SeptemberHo Chi Minh, President vu Nordvietnam (* 18. Mee 1890)
- 23. September: Hans Deppe, däitsche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- : 7. OktoberNikolaus Hein, lëtzebuergesche Professer a Schrëftsteller
- . 8. NovemberVesto Melvin Slipher, US-amerikaneschen Astronom.
- : 5. DezemberClaudius Dornier, däitsche Fligerconstructeur.
Commons: 1969 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Holland de 26. Mäerz 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mexiko den 10. Abrëll 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 20. Abrëll 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 23. Abrëll 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Polen-Lëtzebuerg den 12. Oktober 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 5. November 1969 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Bulgarien de 7. Dezember 1969 um Site European Football