1980
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1975 | 1976 | 1977 | 1978 | 1979 | 1980 | 1981 | 1982 | 1983 | 1984 | 1985
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1980.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- 30. Abrëll: D'Beatrix vun Oranien-Nassau gëtt Kinnigin vun Holland.
- 18. Mee: De Rudolf Kirchschläger gëtt eng 2. Kéier zum éisträichesche Bundespresident gewielt.
- : Bluddegt Attentat zu 2. AugustBologna an der Gare.
- 14. August: Zu Gdańsk op der Lenin-Werft fänkt e Streik un, deen sech op d'ganz Land ausbreet.
- 26. September: Bommenattentat um Münchener Oktoberfest, 13 Doudeger an iwwer 200 Blesséierter.
- : Bei de Wale fir den däitsche 5. OktoberBundestag gewënnt den Helmut Schmidt, dee Kanzler bleift, géint de Franz Josef Strauß.
[änneren] Lëtzebuerg
- : 1. MäerzFemmes en détresse maachen de Foyer Domitilia op.
- : De Foussballspiller 1. JuliRoby Langers geet vun der Union Lëtzebuerg bei Borussia Mönchengladbach.
- 21. November: De Gaston Thorn gëtt als President vun der EG-Kommissioun nominéiert.
[änneren] Afrika
- 12. Abrëll: De liberianesche President William Tolbert gëtt duerch e Militärputsch gestierzt a mat 27 anere Politiker an Zaldoten ëmbruecht.
- 18. Abrëll: Déi lescht britesch Kolonie an Afrika, Zimbabwe (fréier: Rhodesien), gëtt onofhängeg.
[änneren] Amerika
[änneren] USA
- : De 4. NovemberRonald Reagan gewënnt Walen géint den Jimmy Carter.
[änneren] Mëttel- a Südamerika
- 24. Mäerz: Den Äerzbëschof vun San Salvador, Oscar Arnulfo Romero gouf wärend enger Mass erschoss.
[änneren] Asien
- 17.–18. Mee: Manifestatioune géint den neie Regime a Südkorea ginn zu Gwangju brutal niddergeschloen; 207 Mënsche si gestuerwen, ronn 1000 schwéier blesséiert ginn.
- 12. September: Militärputsch an der Tierkei.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
- 30. Juli: Vanuatu gëtt vu Frankräich a Groussbritannien onofhängeg.
[änneren] Noen Osten an Arabesch Welt
- 25. Abrëll: D'Befreiung vun de Geiselen an der amerikanescher Botschaft zu Teheran am Iran klappt net.
- 23. Juli: Israel erkläert Jerusalem zu senger éiweger Haaptstad.
- 22. September: Ufank vum Éischte Golfkrich tëscht dem Iran an dem Irak.
[änneren] Konscht & Kultur
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Wëssenschaft & Technik
Den amerikaneschen Fuerscher Alan Guth stellt d'Inflatiounstheorie vir.
[änneren] Katastrophen
- 18. Mee: De Mount St. Helens an den USA explodéiert an e 700 m déiwe Krater entsteet, 62 Doudeger.
- 23. November: Äerdbiewen a Süditalien, ca. 3.000 Doudeger, 200.000 verléiern hiert Doheem.
[änneren] Sport
- 25. Januar: De Walter Röhrl gewënnt d'Rallye vu Monte Carlo op engem Fiat Abarth 131.
- 27. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Bréissel 0:5 géint Belsch.[1]
- 26. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Esch-Uelzecht 0:1 géint Uruguay.[2]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu 1. MeeMedan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 1:0 géint Thailand. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Johny Clemens geschoss.[3]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 3:2 géint Südkorea. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de 9. MeeJeannot Reiter (2) a Marcel Di Domenico geschoss.[4]
- 11. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:1 géint Japan.[5]
- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:2 géint Birma.[6]
- 14. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Medan, am Kader vum 'Marah Halim Cup 1980', 0:3 géint Südkorea.[7]
- XXII. Olympesch Summerspiller zu Moskau; si ginn duerch westlech Länner wéinst dem sowjeteschen Amarsch an Afghanistan boykottéiert.
- XIII. Olympesch Wanterspiller zu Lake Placid, USA.
- 10. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[8]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:2 géint d'USA. 4. Oktober[9]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:2 géint Italien.[10]
- 19. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Kopenhagen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:4 géint Dänemark.[11]
[änneren] Gebuer
- 17. Januar: Grégory Rast, Schwäizer Vëlossportler
- 19. Januar: Jenson Button, F1-Pilot.
- 30. Januar: Marlene Weingartner, däitsch Tennisspillerin.
- 25. Februar: Gusty Bausch, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Mäerz: Gregory Molitor, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. Mäerz: Sacha Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 7. AbrëllJérémie Peiffer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 15. Abrëll: Fränk Schleck, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 7. JuniLaura Schroeder, lëtzebuergesch Regisseurin.
- 25. Juni: Paul Bollendorf, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 27. Juli: Allan Davis, australesche Vëlosportler.
- 24. August: João Carlos Ferreira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 12. September: Yao Ming, chinesesche Basketballspiller.
- 20. September: Luc Thimmesch, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. September: Daniele Bennati, Italienesche Vëlossportler.
- 15. Oktober: Tom Boonen, belsche Vëlossportler a Stroosseweltmeeschter 2005.
- 17. November: Santo Anzà, italienesche Vëlossportler.
- : 7. DezemberJohn Terry, englesche Foussballspiller.
- 12. Dezember: Guy Blaise, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 20. Dezember: Ashley Cole, englesche Foussballspiller.
[änneren] Gestuerwen
- 26. Januar: Harry Hemley Plaskett, kanadeschen Astronom.
- 19. Februar: Philippe Schneider, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 19. Februar: Bon Scott, schottesche Museker.
- 22. Februar: Alfred Andersch, däitsche Schrëftsteller.
- 22. Februar: Oskar Kokoschka, éisträichesche Moler a Schrëftsteller.
- 22. Februar: Jean Wolter, lëtzebuergesche Journalist a Politiker.
- : 6. MäerzOscar Arnulfo Romero, Bëschof an El Salvador.
- 12. Mäerz: Ernő Gerő, ungaresche Politiker.
- 31. Mäerz: Jesse Owens, US-amerikaneschen Liichtathlet.
- : 3. AbrëllSarah Vaughan, US-amerikanesch Sängerin.
- 15. Abrëll: Jean-Paul Sartre, franséische Philosoph a Schrëftsteller.
- 22. Abrëll: Fritz Straßmann, däitsche Chemiker.
- 27. Abrëll: Mario Bava, italienesche Filmregisseur.
- 29. Abrëll: Alfred Hitchcock, britesche Regisseur.
- : 4. MeeJosip Broz Tito, Staatspresident vu Jugoslawien.
- : 7. JuniHenry Miller, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 22. Juni: Albert Goldmann, lëtzebuergesche Jurist.
- 27. Juni: Marcel Fischbach, lëtzebuergesche Politiker.
- : 1. JuliEmile Raus, lëtzebuergesche Jurist.
- 12. Juli: Arsène Mersch, lëtzebuergesche Velosportler.
- 27. Juli: Rezah Pachlewi, gestierzte Schah vum Iran.
- 15. August: Hary Haagen, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 20. August: Joe Dassin, US-amerikanesche, franséishsproochege Sänger.
- 26. August: Tex Avery, US-amerikaneschen Zeechentrickfilm-Moler a -regisseur.
- 24. September: John Bonham, Batteur vun der Grupp Led Zeppelin.
- 14. Oktober: Jean-François Adam, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 23. Oktober: Auguste Trémont, lëtzebuergesche Sculpteur a Moler.
- : 7. NovemberSteve McQueen, US-amerikanesche Schauspiller.
- 22. November: Mae West, US-amerikanesch Schauspillerin.
- : 2. DezemberRomain Gary, franséische Schrëftsteller.
- : 8. DezemberJohn Lennon, ex-Beatles Museker.
- 24. Dezember: Karl Dönitz, däitsche Groussadmirol.
- 26. Dezember: Charles Reichling, lëtzebuergeschen Diplomat.
Commons: 1980 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 27. Februar 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Uruguay de 26. Mäerz 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Thailand-Lëtzebuerg den 1. Mee 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg den 9. Mee 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Thailand-Lëtzebuerg den 11. Mee 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Birma-Lëtzebuerg den 13. Mee 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Südkorea-Lëtzebuerg de 14. Mee 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien den 10. September 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-USA de 4. Oktober 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Italien den 11. Oktober 1980 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Dänemark-Lëtzebuerg den 19. November 1980 um Site European Football