1989
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1984 | 1985 | 1986 | 1987 | 1988 | 1989 | 1990 | 1991 | 1992 | 1993 | 1994
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1989
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Evenementer
[änneren] Europa
- : 6. FebruarRonnen Dësch a Polen; Solidarność soll nees zougelooss ginn, d'Zensur ofgeschaaft, an eng zweet Kummer, de Senat, dee fräi gewielt soll ginn, soll geschaf ginn.
- : 2. MeeUngarn fänkt domat un, d'Grenzspären no Éisträich ofzebauen.
- : Éischt Nummer vun der 8. MeeGazeta Wyborcza, der éischter legaler Oppositiounszeitung am Ostblock.
- : De 9. MeeSlobodan Milošević gëtt Staatspresident vu Serbien.
- : Demokratesch Parlamentswahlen a Polen: 'Solidaritéit kritt 99 vun 100 Sëtzer am Senat. 4. Juni
- : De Sommet vum 7. JuliWarschauer Pakt zu Bukarest decidéiert d'"Recht vun all Vollek op Selbstbestëmmung".
- 19. Juli: De Wojciech Jaruzelski gëtt mat just enger Stëmm Majoritéit zum Staatspresident a Polen gewielt, den Tadeusz Mazowiecki (Solidarność) gëtt de 24. August den éischten net-kommunistische Ministerpresident.
- 19. August: Beim "Paneuropäesche Picknick" zu Sopron an Ungarn maache sech honnerte vun DDR-Bierger iwwer d'Grenz an Éisträich.
- 23. August: Iwwer 1 Millioun Leit maachen eng Mënschekette vu 560 km op der Via Baltica tëscht Vilnius a Lettland an Tallinn an Estland.
- 7. Oktober: D'Ungaresch Sozilistesch Aarbechterpartei nennt sech an Ungaresch Sozialitesch Partei ëm an entmuecht sech gréisstendeels.
- 9. Oktober: Zu Leipzig gi bei der "Montagsdemonstration" trotz Verbuet 70.000 Leit op d'Strooss fir fir Reformen a Fräiheet ze demonstréieren; déi Woch drop sinn et der 120.000, nach eng méi spéit 300.000.
- 18. Oktober: Den Erich Honecker trëtt als President vum Staatsrot vun der DDR zeréck, den Egon Krenz gëtt säi Nofolger.
- 23. Oktober: An Ungarn trëtt déi nei Konstitutioun a Kraaft: Ungarn ass eng Republik a keng "Volleksrepublik" méi.
- : Eng hallef Millioun Leit manifestéieren zu 4. NovemberOst-Berlin fir Reformen, Demokratie a Fräiheet.
- : D' 9. NovemberDDR mécht d'Grenzen zu Westdäitschland op. Honnerdausende vu Leit kënne fir d'éischte Kéier no 28 Joer an de Westen.
- 10. November: De bulgaresche Staats- a Parteichef Todor Schivkov gëtt gestierzt.
- 13. November: De Prënz Hans-Adam II. von und zu Liechtenstein gëtt Staatspresident vu Liechtenstein.
- 17. November: Zu Prag gëtt e Commémoratiounscortège vun der Police auserneegebeetscht; Ufank vun der Samettener Revolutioun.
- 18. November: Den Hans Modrow gëtt neie Ministerpresident vun der DDR.
- 25. Dezember: De gestierzten rumäneschen Diktator Nicolae Ceauşescu a seng Fra Elena ginn higeriicht.
- 29. Dezember: A Polen gëtt d'Konstitutioun geännert.
- 29. Dezember: Als Suite vun der Samettener Revolutioun gëtt de Václav Havel President vun der Tschechoslowakei.
[änneren] Lëtzebuerg
- 18. Juni: Chamber- an Europawalen. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 22 Sëtzer, d'LSAP der 18, d'DP der 11, d'GLEI an d'GAP der je 2, den ADR der 4 an d'KPL 1. Bei den Europawale ginn 3 Sëtzer un d'CSV, 2 un d'LSAP an 1 un d'DP.
- 14. Juli: D'Regierung Santer-Poos II, eng CSV-LSAP-Koalitioun, gëtt vereedegt.
[änneren] Afrika
- 13. September: De Frederik de Klerk gëtt President vu Südafrika a leet Schrëtter an, fir d'Apartheid ofzeschafen.
[änneren] Amerika
[änneren] USA
[änneren] Südamerika
- 3. Februar: Am Paraguay gëtt den Diktator Alfredo Stroessner ofgesat.
[änneren] Asien
- 14. Abrëll: D'sowjetesch Truppen zéien sech aus dem Afghanistan zeréck.
- : 4. JuniChina: Massaker op der "Plaz vum Himmlesche Fridden" zu Peking.
[änneren] Ozeanien & Pazifik
[änneren] Arabesch Welt
- : 4. JuniIran: Doud vum Ayatollah Khomeini. Den Ayatollah Chamene'i gëtt säi Nofolger.
[änneren] Konscht & Kultur
- 29. Mäerz: D'Pyramid vum Louvre gëtt zu Paräis ageweit.
- 13. Juli: D'Opéra de la Bastille gëtt zu Paräis ageweit.
[änneren] Molerei
[änneren] Literatur
[änneren] Musek
[änneren] Film
- Driving Miss Daisy kritt den Oscar fir de beschte Film.
- Sex, lies and videotapes kritt d'Gëlle Palm zu Cannes.
- Camille Claudel kritt den César fir de beschte Film.
[änneren] Lëtzebuerg
- A Wopbopaloobop A Lopbamboom vum Andy Bausch.
- Mumm Sweet Mumm vum Paul Scheuer, Georges Fautsch a Maisy Hausemer.
- De falschen Hond vum Menn Bodson, Gast Rollinger a Marc Olinger.
[änneren] Wëssenschaft & Technik
[änneren] Sport
- : Déi 9. Meelëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Prag, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:4 géint Tschechoslowakei.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu 1. JuniLille, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:5 géint Belsch.[2]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Saarbrécken, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 0:3 géint Portugal.[3]
- 25. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Bréissel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:1 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Guy Hellers geschoss.[4]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu St. Gallen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1990, 1:2 géint Schwäiz. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Théo Malget geschoss.[5]
[änneren] Gebuer
- : 1. JanuarTornike Sanikidse, georgesche Schachgroussmeeschter.
- 19. Januar:Sven Clement, lëtzebuergesche Politiker.
- 31. Mäerz: Gilles Bettmer, lëtzebuergesch Foussballspiller.
- : 1. MeeCharlotte Bettendorf, lëtzebuergesch Reiderin.
- : 2. JuliMichel Kettenmeyer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 23. Juli: Daniel Radcliffe, englesche Schauspiller.
- : 4. SeptemberMirko Albanese, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. November: Amel Cosic, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Oktober: Laurent Carnol, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 27. Dezember: Kateryna Lahno, ukrainesch Schachspillerin.
[änneren] Gestuerwen
- : Keeser 7. JanuarHirohito vu Japan (* 1901).
- 20. Januar: Wenzel Profant, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur (*1913).
- 23. Januar: Salvador Dalí, spuenesche Moler a Schrëftsteller (Surrealismus) (* 1904).
- : 3. FebruarJohn Cassavetes, US-amerikanesche Schauspiller a Filmregisseur.
- : 6. FebruarAndré Cayatte, Filmregisseur.
- Jean-Pierre Koltz, lëtzebuergeschen Historiker. 6. Februar:
- 12. Februar: Thomas Bernhard, éisträichesche Schrëftsteller.
- 27. Februar: Konrad Lorenz, éisträichesche Verhalensfuerscher an Nobelpräisdréier.
- 27. Februar: Christiane Schlechter-Wirtz, lëtzebuergesch Kabarettistin.
- 27. Februar: Paul Oswald Ahnert, däitschen Astronom
- : 5. MäerzArsène Soreil, belsche Schrëftsteller a Journalist.
- 21. Mäerz: Fernand Schons, lëtzebuergesche Wënzer a Moler.
- 29. Mäerz: Bernard Blier, franséische Schauspiller.
- 28. Abrëll: Geza von Cziffra, Filmregisseur.
- 30. Abrëll: Sergio Leone, italiéinesche Filmregisseur.
- : Ayatollah 3. JuniRuhollah Khomeini, iranesche Reliounschef.
- 26. Juni: François Mergen, lëtzebuergesche Bësch-Expert.
- : 6. JuliJános Kádár, ungaresche Politiker.
- 11. Juli: Laurence Olivier, britesche Schauspiller a Regisseur.
- 13. Juli: Thers Bodé, lëtzebuergesch Journalistin, Psychologin, Politikerin a Fraerechtlerin.
- 16. Juli: Herbert von Karajan, éisträichesche Dirigent.
- 30. Juli: Evy Friedrich, lëtzebuergeschen Cinéast a Filmkritiker.
- : 4. SeptemberGeorges Simenon, belsche Schrëftsteller.
- Colin Clark, engleschen Economist. 4. September:
- : 5. SeptemberLily Unden, lëtzebuergesch Molerin, Schrëftstellerin a Resistenzlerin.
- 14. September: Pérez Prado, kubanesche Museker a Komponist.
- 17. September: Marie-Louise Tidick-Ulveling, lëtzebuergesch Autorin.
- 29. September: Edmond Cigrang, lëtzebuergesche Komponist a Musekpedagog.
- : 4. OktoberGraham Chapman, englesche Komiker.
- : 6. OktoberBette Davis, US-amerikanesch Schauspillerin.
- Jacques Doniol-Valcroze, Filmregisseur. 6. Oktober:
- : 6. NovemberMargarete Buber-Neumann, däitsch Publizistin a Schrëftstellerin.
- : 6. DezemberJoseph Herr, lëtzebuergesche Politiker an Historiker.
- 14. Dezember: Andrej Sacharow, russesche Friddensnobelpräisdréier a Physiker.
- 16. Dezember: Lee Van Cleef, amerikanesche Schauspiller.
- 16. Dezember: Silvana Mangano, italiéinesch Schauspillerin.
- 22. Dezember: Samuel Beckett, iresche Schrëftsteller an Nobelpräisdréier.
- 24. Dezember: Roger Pigaut, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 25. Dezember: Nicolae Ceausescu, rumäneschen Diktator.
- 26. Dezember: Albert Hames, lëtzebuergesche Sculpteur.
Commons: 1989 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Referenzen
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Tschechoslowakei-Lëtzebuerg den 9. Mee 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 1. Juni 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Portugal den 11. Oktober 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. Oktober 1989 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 15. November 1989 um Site European Football